A lass!

LALUX Bis'Trail

Zënter 2022

2022 gouf et déi éischt Editioun vum Bis’Trail, eng Trail-Course duerch d’Biisser Naturreserve. Säitdem ass de Bis’Trail e feste Bestanddeel vum Aktivitéitekalenner vun der Gemeng Biissen.

Fir dës drëtt Editioun huet LALUX Assurances de Groupe Kartheiser als Haptsponsor ofgeléist an aus dem Bis’Trail gouf de LALUX Bis’Trail.

Event Management · Print · Web · Socials

Neie Wand

Dat neit Partenariat mat LALUX Assurances huet neie Wand an dësen Event bruecht a mir konnten d’Zuel vun den Aschreiwungen, duerch eng verbessert Kommunikatioun, vun 2023 op 2024 méi ewéi verduebelen.

Event Managment

0 +
Aschreiwungen

E Stéck Biissen

Een Objektif vum Bis’Trail ass och d’Gemeng Biissen erfir ze hiewen an d’Schéinheet vun der Naturreserve no baussen ze weisen. De Fuuss aus dem Biisser Bësch gouf dofir prominent op den Affichen duergestallt.

Print

Uechter d'Land

Op de sëllege Coursen uechter d’Land hu mir d’Flyeren direkt un d’Leefer verdeelt a sinn zum Deel och matgelaf! Esou si nei Partnerschaften a virun allem Frëndschaften entstaanen.

Print

Eng Communautéit

Op de soziale Medien hu mir eng kohärent Ligne agefouert a lang am Virfeld eise Laf promouvéiert. Dëst huet eis erlabt iwwert d’Zäit eis Communautéit ze vergréisseren an ze stäerken!

Social Media

Eng Plaz fir Alles

Wéi ëmmer hunn all d’Informatiounen iwwert déi verschidde Coursen an de Programm op engem Internetsite zesumme fonnt.

Website

All zesummen

Als Organisateur vum Event kënne mir op d’Hëllef vu ville Fräiwëllegen vun de lokale Veräiner zielen. Sief et bäi den Aschreiwungen, laanscht d’Streck oder um Grill. Dëst gëllt och fir d’Gemeng Biisse selwer, déi eis mat Manpower an Infrastruktur ënnerstëtzt hunn…ouni all déi Leit wier et méiglech! 

Event Managment

Play Video

Merci!

E grousse Merci un all d’Leefer, un eis wonnerbar Sponsoren, de Fräiwëllegen vum DT Biissen, dem Tennis Club Biissen, dem Jugendhaus “A Stenges”, der Lëtzebuerger Wandersportfederatioun a natierlech der Gemeng Biissen!

Ivano, Magali & Cliff