Iwwert eis

Eng lieweg Gemeng

Gemeng Biissen

E volle Kalenner

Biissen ass bekannt als lieweg an dynamesch Gemeng. Sief et de flotten Duerfkär, déi aktiv Industriezon oder dat gesellegt Gemengeliewen. Mir gräifen hinne reegelméisseg beim Ausschaffen an der Koordinatioun vun Event an Aktiounen ënnert d’Äerm. Donieft këmmere mir eis ëm d’Opsetzen an de Layout vun der Gemengebuet dem “Biisser Klautjen”.

Event & Project Management · Editorial

Gemittlech Atmosphär

Och d’lescht Joer hu mir beim Biisser Chrëschtmaart gehollef a fir eng gemittlech a festlech Atmosphär gesuergt, dëst ë.a. mat engem flotte Videomapping op der Façade vum Wonerbatti an de Stärenhimmel den d’Place Frounert iwwerdeckt huet.

Event Management

"Think local act global"

De Biisser Adventskalenner war och erëm um Programm. All Dag konnt een an de soziale Medien e Kaddo vun engem lokale Commerce gewannen. Déi glécklech Gewënner kruten hire Gewënn am Cyclo Croc “A Biss”, am Bistro “Gréngen Eck” an an der Pizzeria “La Delizia” iwwerreecht a mir konnten esou déi Biisser Bierger an d’Geschäftsleit zesumme bréngen.

Event Management · Social Media

A wat ass geschitt?

Dëst a villes méi kënnt dir dann am leschte Klautjen vun 2023 entdecken, wou mir eis ëm d’Koordinatioun, de Contenu an och de graphesche Layout bekëmmert hunn. Bonne Lecture! 🙂

Project Management · Editorial

Merci!

Mir soen dem Buergermeeschter David Viaggi, dem Gemengerot an hirer ganzer Ekipp Merci fir d’Vertrauen an déi flott an ofwiesslungsräich Zesummenaarbecht!

©Photos: Gemeng Biissen

Ivano & Cliff