Iwwert eis

En inklusive Projet

Lëtzebuerger Blannevereenegung

Zënter 2021…

… hu mir eng enk Zesummenaarbecht mat der Fondatioun an hëllefe bäi den alldeeglechen Aufgaben am Beräich vun hierer Kommunikatioun. D’Zil ass et de Public fir d’Besoinen vu séihbehënnerten a blanne Leit ze sensibiliséieren.

Branding · Editorial · Radio · Social Media

Colors of Blindness

Zesumme schaffe mir Konzepter fir Aktiounen aus, wéi zB. d’Quinzaine du Don vun der Blannevereenegung, déi zënter 2022 ënnert dem Motto “Colors of Blindness” leeft. Während dësen Deeg kann de Public mat Hëllef vu Workshops an d’Welt vun der Fondatioun antauchen.

Branding · Concept · Social Media · Radio Spots

Fir jiddfereen!

Am Kader vun dëser Quinzaine hu mir och de Kalenner ausgeschafft, den un d’Privatstéit am ganze Land verdeelt gëtt an hëllefen esou déi wichteg Donatiounen ze sammelen.

Branding · Concept · Social Media · Radio Spots

Triobike.lu

Bäi der Fondatioun gëtt Inklusioun grouss geschriwwen wéi de Projet Triobike weist. Dës elektresch Veloën erlaben et de Leit zesumme mat hiere beanträchtegte Familljememberen oder Frënn en Tour duerch d’Land ze genéissen.

Branding · Editorial · Radio Spots

5 Institutiounen

Nieft den allgemenge Projeten an Aktiounen, geet et drëms déi 5 Institutioune vun der Fondatioun no baussen ze präsentéieren an de Public fir déi verschidde Beräicher ze sensibiliséieren.

Social Media · Web · Editorial

Social Media

Op de soziale Medie probéiere mir de richtegen Toun ze treffen wa mir d’Aktivitéiten vun den Institutioune weisen. 

Social Media · Copywriting · Community

Bieschbecher Blietchen

D’Aktivitéite vun den eenzelnen Institutiounen hu mir am Rapport d’Activités “Bieschbecher Blietchen” flott präsentéiert. Dozou gehéiert och d’ophuele vun enger Audioversioun!

Editorial · Audio

Bonne Route!

D’Mobilitéit ass e weidere wichtegen Aspekt am Alldag vun der Fondatioun. Mat engem flotte Lettrage schécke mir d’Bewunner vum Blannenheem op d’Reess a wënschen hinne weiderhinn vill flott Ausflich!

Lettrage

Merci!

Mir soën dem Generaldirekter Thierry Lutgen, dem Jerry Klein, de Responsabelen vun den eenzelnen Institutiounen an der ganzer Ekipp vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung Merci fir déi flott Zesummenarbecht an hiert Vertrauen! 

Ivano & Cliff