Iwwert eis

Eng besser Zukunft

S.O.S. Kannerduerf

Eng Missioun

Eng vun de Missioune vum S.O.S. Kannerduerf Lëtzebuerg ass et d’Kanner op hier Rechter opmierksam ze machen an se op hierem Wee an en eegestännegt, responsabel an erfëllte Liewen virzebereeden.

Am Kader vum Weltdag vun de Kannerrechter hu mir eng Serie vu Videoen produzéiert fir op dës Thematik opmierksam ze machen.

Project Management · Audio · Video

Sech matdeelen

D’Kannerschutzbeobtragten erklären eis, dass grad well d’Kanner aus dem Kannerduerf oft eng schwiereg Vergangenheet hunn, et ëmsou méi wichteg ass hinnen ze weisen wat hier Rechter sinn a wéi sie sech dofir asetze kënnen.

Interviews

Play Video
Play Video

Kanner sinn Zukunft

D’Direktesch vum S.O.S. Kannerduerf, Valérie Oberlé, erkläert eis wisou et wichteg ass d’Kanner vun haut ze ënnerstëtzen fir esou aus hinnen déi staark Erwuessener vu muer ze machen

Video interviews · Audio​

A wat soën d'Kanner?

Natierlech kréien och d’Kanner aus dem Kannerduerf d’Wuert an erklären eis de Prinzip vu Rechter a Pflichten mat hieren eegene Wieder!

Video interviews · Audio

Play Video

Eng besonnesch Zäit

D’Kannerrechter sollen awer net just um Weltdag en Thema sinn, mee d’ganz Joer iwwer. An dëser besonnescher Zäit wënschen eis d’Kanner aus dem Kannerduerf mat vill Freed an Optimismus e glécklecht neit Joer 2023…eh…2024!

Motion design · Audio

Play Video

Merci!

Mir soën der Ekipp vum S.O.S. Kannerduerf Merci fir hiert Vertrauen an den Abléck an hier wäertvoll Aarbecht. De Kanner wënsche mir déi bescht Zukunft déi sie kënnen hunn.

Ivano & Cliff