Iwwert eis

Natierlech gesond

Pachamama

Eng Erkenntnis

Den Gino a seng Famill sinn op enger Rees an de Peru zur Erkenntnis komm, dass si erëm méi Verbonnenheet zur Natur sichen. Well dëst sech och op d’Ernierung auswierkt, huet den Gino decidéiert sech mat enger “Bar à Jus” selbstänneg ze maachen.

Pachamama, inspiréiert un der Gëttin vun der Äerd, war gebuer an eis Aufgab war et ë.a. de visuellen Universum an d’Websäit zu dësem flotte Projet ze gestalten.

Visual Universe · Web & Socials · Print

Loscht maachen

Gesond Ernierung soll Loscht maachen an dofir war et wichteg dëst op eng modern, héichwäerteg a virun allem natierlech Aart & Weis ze weisen.

Ugefaangen hu mir mat engem Fotoshooting fir d’Ekipp, d’Präparatioun a virun allem d’Produite kënnen ervir ze hiewen.

Tailor-made pictures

Nei am Quartier

Mir hunn dono e Flyer gemaach an am Quartier Belair verdeele gelooss fir esou déi direkt Nooperschaft, vu jonke Schüler bis Geschäftsleit, mat enger flotter “1+1” Aktioun op de neie Pachamama opmierksam ze maachen.

Print

Eng nei Präsenz

Den Gino leet vill Wäert op enger Offer déi ëmmer eppes Neies ze bidden huet an doriwwer eraus erkläert hien de Leit gäre méi iwwert d’Freed u gesonder Ernierung. Doraus ass eng Websäit mat Geschicht, Menü, Blog a ville flotte Fotoen déi Loscht op méi maachen entstanen. Dëse Contenu kann hien och mat Hëllef vun Templates op de soziale Medien deelen.

Web & Socials

Merci!

Mir soen dem Gino a senger Ekipp Merci fir säi Vertrauen an dass mir hie bäi dësem flotte Projet hunn dierfe begleeden. 

Ivano & Cliff