Iwwert eis

En Aan fir den Detail

Peinture Bruno

E neie Start

Ufank 2023 koum de Bruno bäi eis mat sengem Projet fir sech als Usträicher selbstänneg ze machen. Schnell hu mir seng Passioun gespuert a gesinn, dass hien wäit méi wéi en Usträicher ass. Mir woussten, dass dat och no baussen sollt eriwwer kommen.

Branding · Print · Lettrage

Aan fir den Detail

Mir wollten dem Bruno säin “Aan fir den Detail” a Léift fir e perfekt Resultat eriwwer bréngen an hunn dofir eng ganz einfach a subtil Approche gewielt.

Branding · Logodesign

Eng Signature

De Logo spillt mam “PB” fir Peinture Bruno a verschmëlzt déi 2 Buchstawen an en eenzegt, elegant Symbol. Eng déif Blo Faarw ënnerstëtzt dem Bruno seng respektvoll Approche.

Branding · Logodesign

Peintre Décorateur

En elegant Muster zitt sech duerch déi gesamt visuell Identitéit an illustréiert d’Aktivitéite vum Bruno déi sech net just op usträische beschränken. Tapéiten, Buedembelag, Ornementer a virun allem eng personaliséiert Berodung machen de “Peintre Décorateur” aus.

Branding · Visual Identity

Form a Faarw

De Logo, d’Faarwen, d’Schrëften an d’Muster sinn déi eenzeg Bestanddeeler a ginn an engem flotte Wiesselspill agesat fir déi eenzel Supporten, vu Visitekärtecher bis zum Auto, ze gestalten.

Branding · Visual Identity

Merci!

Mir soën dem Bruno Merci fir säi Vertrauen an dass mir him bäim spannende Wee an d’Selbstännegkeet hunn dierfe begleeden. 

Ivano & Cliff