Iwwert eis

E Fest mat a fir jiddereen

Cliärrwer Kiermes

Neit Liewen

Ufank 2023 goufe mir vun der Cliärrwer Gemeng kontaktéiert fir an enker Zesummenaarbecht frësche Wand an d’Cliärrwer Kiermes ze bréngen.

Zesumme war eis kloer: Mir mussen dës vernoléissegt a verstëbsten Traditioun zur Zäit vun der Schueberfouer an anere lokale Fester erëm nei opliewe loossen. D’Kiermes sollt erëm e Stéck Cliärrew ginn, genau esou wéi d’Schlass iwwert der Maartplaz op där d’Kiermes iwwer 5 Deeg statt fënnt.

Event Management · Branding · Web · Socials

All zesummen

No e puer Reuniounen a vill Brainstorming wousste mir, dass mir eng Kiermes mat starkem lokale Charakter brauchen…fir d’Regioun a mat de lokale Leit.

E ganze Koup Telefonsgespréicher goufe gefouert an Emails duerch d’Land geschéckt bis mir d’Partner all zesummen haten.

Concept · Event Managment

E Stéck Cliärref

Déi nei visuell Identitéit vun der Kiermes spigelt d’Valeure vu Clierf erëm. Ländlech, Natur, nohalteg…mam Schlass als Symbol fir de räiche Patrimoine den dës Gemeng ze bidden huet. Dëst Schlësselbild gouf op déi eenzel Programmpunkten deklinéiert a mir konnten esou d’Cliärrwer Kiermes gutt op de soziale Medien an am Print promouvéieren.

Social Media · Web · Editorial

E flotte Programm

Niewent den übleche Kiermesspiller ewéi Intefëschen a Schéissbud hate mir e flotte Programm zesumme mat de lokale Partner, déi d’Differenz gemaach hunn…

Kiermeszelt & Kiermesbar

Mëttes an owes huet de Restaurant Yves Radelet vun Drauffelt lëtzebuerger Kascht ugebueden an domat vill Leit ugelackelt.

Déi lokal Veräiner hunn d’Kiermesbar bedriwwen a Cocktails zerwéiert a konnten esou hier Veräinskeese fëllen.

Print · Social Media

Tauschdeeg & Päerdskutsch

Op den Tauschdeeg konnten d’Kanner hier Spillsaache géint Jetone fir op d’Kiermesspiller tauschen! Dës Aktioun ass super ukomm an et gouf vill fir de gudden Zweck gesammelt.

Mat den Ardennerpäerd vun der Robbesscheier konnten d’Leit Cliärref an d’Ëmgéigend entdecken an och mol e méi rouege Moment am Kader vun der Kiermes genéissen.

Print · Social Media

Eng Plaz fir alles…

D’Ëffnungszäiten, de Programm, d’Aktiounen an d’Aktivitéiten, d’Präsentatioun vun de Partner…alles huet op enger Plaz zesummefonnt: eng nei Websäit.

Website

Play Video

Merci!

Mir sinn houfreg als ID · Communication, dass am Kader vun der Kiermes vill Spillsaachen an och e Chèque vun 1.000€ fir d’Associatioun “Île aux Clowns” zesumme komm sinn.

Merci der Gemeng Cliärref, dem Nadine Nicks a senger Ekipp an all de Partner déi gehollef hunn déi nei Cliärrwer Kiermes zum Erfolleg ze maachen.

Ivano & Cliff